Gemeinsam Sprooch a Liesen entdecken
Begleet däi Kand doheem mat Material, dat einfach ëmzesetzen ass a Freed mécht – fir iech zwee.
- Schéi gemeinsam Lies- a Sproochemomenter doheem
- Schrëtt fir Schrëtt begleede mir dech an däi Kand beim gemeinsame Babbelen a Liese léieren
- Vu Léierpersounen ausgeschafft an op de lëtzebuergesche Schoulsystem ugepasst
Du wëlls däi Kand beim Liesen a bei der Sprooch begleeden…
…an trotzdeem fillt et sech heiansdo schwéier un.
Däi Kand verléiert séier d’Loscht.
Oder et ass onsécher, wann et soll liesen oder schwätzen.
Du probéiers ze hëllefen.
Du lies zesummen. Du erkläers. Du motivéiers.
An trotzdeem bleift d’Fro:
Wéi kann ech mäi Kand wierklech ënnerstëtzen?
Heiansdo feelt
-
eng kloer Struktur fir zesummen ze üben
-
Iddien, déi Spaass maachen a wierklech funktionéieren
-
Material dat zu mengem Kand passt
Du wëlls:
Momenter, déi sech gutt ufillen.
Fortschrëtter, déi s du gesäis.
Stell dir vir…
Däi Kand sëtzt niewent dir.
Et lauschtert. Et schwätzt. Et fänkt un ze liesen.
Et laacht. Et mécht mat. Et bleift dobäi.
Sprooch gëtt lieweg.
Bicher ginn interessant.
Däi Kand spiert:
„Ech kann dat.“
Du gesäis:
-
Freed beim schwätzen a liesen
-
kleng Schrëtt déi zu richtege Fortschrëtter ginn
-
méi Vertrauen an sech selwer
An är gemeinsam Lieszäite ginn:
roueg, schéin a voller Verbindung
Däi Kand entdeckt Sprooch a Liese mat Freed
Hei fënns du Material fir doheem, dat dech a däi Kand Schrëtt fir Schrëtt begleet – spilleresch, einfach a mat Freed.
-
molen & bastelen
-
liesen
-
spillen
-
sech beweegen
Well Kanner Sprooch a Liesen am Beschte spilleresch léieren
Däi Kand léiert net duerch Drock.
Et léiert duerch Erfarung, Beweegung a Freed.
Genee do setzt dëst Material un:
Spillen, schwätzen a liese ginn natierlech matenee verbonnen
Däi Kand gëtt do ofgeholl, wou et steet
Kleng Schrëtt bauen openeen op a ginn zu richtege Fortschrëtter
Däi Kand léiert net duerch Drock.
Et léiert duerch Erfarung, Beweegung a Freed.
Genee do setzt dëst Material un:
Dat erliewe aner Elteren
Elteren, déi hiert Kand begleeden, wëllen virun allem:
Momenter déi sech gutt ufillen a Fortschrëtter déi si gesinn.
Direkt verfügbar – ouni waarden
Ech fannen et perséinlech och positiv, dass ee verschidde Bicher an och Spiller kann eroflueden. Esou huet een d‘Material direkt disponibel.
Direkt a méi Sproochen
„Déi verschidde Sproochen hëllefen eis immens am Alldag. An ech hunn direkt gemierkt: dat passt zu deem, wat mäi Kand och an der Schoul mécht – dat gëtt mir e gutt Gefill.“
D´Materialie vun Numulis sinn immens uspriechend.
D‘Méiglechkeet déi ënnerschiddlech Materialie mat verschiddene Schwieregkeetsstufen respektiv Schrëftaarten ze bestellen ass immens flott.
Mäi Jong war begeeschtert
HIen huet mat vill Freed d'Geschicht vum Snake gelies a wollt direkt wësse wéi et weidergeet.
Alles wat s du fir deng Lieszäiten doheem brauchs
Éischt Schrëtt an d'Sprooch a Bicherwelt
✔ Geschichten zesumme kucken, lauschteren a matschwätzen
✔ Sprooch mat alle Sënner erliewen
✔ Spilleresch Wuertschatz opbauen
Vun der Silb zum Wuert
✔ Silben entdecken a kombinéieren
✔ Spilleresch liese léieren
✔ Vill Beweegung a Spaass fir méi Motivatioun
Vum Wuert zum Buch
✔ Déi éischt eege Bicher liesen
✔ Mat integréierte Lieshëllefen
✔ Schrëtt fir Schrëtt méi Sécherheet kréien
Extra Virdeeler
✔ Méisproochegt Material
✔ Op de lëtzebuergesche Schoulsystem ugepasst
✔ Flexibel fir deng Alldag doheem
Du kanns ganz einfach starten
-
1
Ech hu wéineg Zäit
Du kriss Material dat fäerdeg ass. Du kanns direkt mat dengem Kand ufänken – ouni vill Virbereedung.
-
2
Ass dat dat richtegt fir mäi Kand?
D’Material ass op verschidden Niveauen ugepasst. Däi Kand gëtt do ofgeholl, wou et steet.
-
3
Kréie mir dat doheem iwwerhaapt ëmgesat?
Alles ass einfach erkläert. Du kriss kloer Iddien, déi sech liicht an dengem Alldag integréieren.
-
4
Bréngt dat wierklech eppes?
Däi Kand entwéckelt Freed un der Sprooch a beim Liesen. Du gesäis, wéi et méi sécher gëtt a Fortschrëtter mécht.
Sou entdeckt däi Kand Sprooch a Liese mat Freed
Kleng Momenter zesummen.
Grouss Schrëtt fir däi Kand.
Mat Material dat:
✔ einfach ëmzesetzen ass
✔ Freed mécht
✔ däi Kand wierklech virubréngt
Du begleeds däi Kand op sengem Wee.
Mat Sécherheet. Mat Rou. Mat engem gudde Gefill.
Du hues Froen? Mir hunn Äntwerten!
Wann s du gäre méi wëlls gewuer ginn, dann zéck net eis hei ze schreiwen.
Wann s du gären eng individuell Berodung fir däi Kand doheem wëlls hunn oder u privatem Liestraining interesséiert bass, da luuss emol hei eran.
Schreif eis hei – mir äntwerten esou séier wéi méiglech!