Besonnesch wa Liese schwéier fällt

Liesbicher & LiesBoxen

Liesmaterial op verschiddene Niveauen, passend Aktivitéiten a vill Méiglechkeeten, fir d’Wierder vun de Geschichten ëmmer nees nei ze entdecken.

Spilles eng Geschicht liesen

E Liesbuch, dat méi kann.

Entdeck den HanneVir

Liesen, opmaachen, dréinen – an ëmmer nees eppes Neies entdecken.

Den HanneVir ass eist neit Liesbuch fir d’Schoul. D’Geschicht gëtt mat Lieshëllefen, Rätselen, Spiller a klengen Aktivitéiten verbonnen a passt sech dem Liesniveau vun de Kanner un.

Opmaachen · Dréinen · Liesen · Entdecken

LiesBox

Alles prett fir unzepaken.

Opmaachen, eraushuelen – an direkt lassleeën.

An der LiesBox fënns du eng Auswiel u Material passend zu der Geschicht: en HanneVir Aktivitéitenheft, e Spillplang a Spillmaterial, fir mat de Kanner ze liesen, ze spillen an ze entdecken.

Auspaacken · Liesen · Spillen · Entdecken

D'BabbLie App

Spilleresch Sprooch a Liesen léieren

Spillen, üben, entdecken – an ëmmer nees Neies fannen.

An der BabbLie App fënns du passend zu der Geschicht digital Spiller an Aktivitéiten fir d’Kanner, awer och all digitaalt Material an de Lieszäiten fir auszedrécken an direkt anzesetzen.

Esou kanns du d’Geschicht ëmmer nees anescht asetzen – am Klassesall, am Appui oder an enger Fërdergrupp.

Spillen · Üben · Ausdrécken · Entdecken

Wiel deng Geschicht

Dräi Geschichten – op verschiddene Liesniveauen a mat ville Méiglechkeeten, se ze entdecken.

 “Snake total verpeilt”

De Snake, eng lëschteg blo Schlaang, stellt sech vir: Wou wunnt hien wat méscht hien de ganzen Dag an virwat ass hie liicht verpeilt?

 “Skirli total wuselig”

D’Skirli, e klengt léift Kaweechelchen ass ëmmer op der Sich: entweder no Blieder an Nëss oder no eppes fir ze kachen oder ze bauen. 

“Lapina total wuselig”

D’Lapina ass wierklech e virwëlzegen Hues. Mat senger Spektiv ass hat de ganzen Dag ënnerwee an op der Sich no neien Abenteuer.

Fir all Kand de passende Liesniveau

Déi selwecht Geschicht – op verschiddene Liesniveauen.

Esou kënnen d’Kanner un där selwechter Lieswelt schaffen, och wann se beim Liesen net alleguer um selwechte Punkt stinn.

Du hues Froen? Mir hunn Äntwerten!

Wann s du gäre méi wëlls gewuer ginn, dann zéck net eis hei ze schreiwen.

Wann s du gären eng individuell Berodung fir däi Kand doheem wëlls hunn oder u privatem Liestraining interesséiert bass,  da luuss emol hei eran.

Schreif eis hei – mir äntwerten esou séier wéi méiglech!