Sprooch a Liese professionell fërderen
Deng Kanner liesen a schwätze mat Freed: motivéiert, Schrëtt fir Schrëtt a jiddereen op sengem Niveau.
Du kriss Lies- a Sproochematerial,
- dat perfekt an deng Klass oder Grupp passt.
- Fir verschidden Niveaue fäerdeg, differenzéiert ouni zousätzlechen Opwand
- Sproocheniwwergräifend Fërderung ideal fir "Alpha - zesumme wuessen"
An dengem Alldag gesäis du:
All Kand bréngt seng eege Stäerkten
a seng eege Besoine mat.
E puer Kanner starten nach.
Aner si schonn e Schrëtt méi wäit.
An du stees virun der Fro:
Wéi kréien ech all Kand mat?
Heiansdo feelt
-
differenzéiert Material
-
eng kloer Struktur
-
Zäit fir alles virzebereeden
Du wëlls:
Material dat funktionéiert.
Direkt am Alldag. Ouni vill Opwand.
Deng Kanner si motivéiert a maachen mat
Si schwätzen. Si lauschteren. Si liesen.
Si beweegen sech. Si spillen. Si entdecken.
All Kand schafft op sengem Niveau.
All Kand mécht Fortschrëtter.
Du hues:
-
Héichwäertegt Material dat direkt funktionéiert
-
Eng kloer Struktur déi all Kand gezielt weiderbréngt
-
Eng Léisung déi fir all Kand dat Bescht eraushëlt
An du spiers:
Ech hunn dat richtegt Material fir meng Grupp.
Deng Kanner liesen a schwätze mat Freed: motivéiert, Schrëtt fir Schrëtt a jiddereen op sengem Niveau.
Hei fënns du Lies- a Sproochmaterial, dat genee dorop opgebaut ass.
-
molen & bastelen
-
liesen
-
spillen
-
sech beweegen
Well all Kand anescht léiert
All Kand kritt genee déi Ënnerstëtzung, déi et brauch
Numulis verbënnt:
-
Liesen dat wierklech funktionéiert
-
Sprooch déi aktiv gelieft gëtt
-
Spill a Beweegung déi motivéieren
Kanner léieren net nëmmen ze liesen: si entdecken d’Sprooch mat Freed an Engagement.
Mat engem System, deen:
-
all Kand op sengem Niveau ofhëlt
-
Schrëtt fir Schrëtt Fortschrëtter méiglech mécht
-
direkt ëmsetzbar ass
Du hues eng kloer Struktur
an deng Kanner komme wierklech virun.
Alles ass:
-
fir de professionelle Beräich entwéckelt
-
op de lëtzebuergesche Schoulsystem ugepasst
-
optimal fir "Alpha zesumme wuessen"
Du bass sécher:
Dëst Material passt fir deng Klass a fir all Kand.
Dat soen eis Klienten
Fachleit, déi deeglech mat Kanner schaffen, gesinn, wéi wichteg dat richtegt Material fir d’Sproochentwécklung an d’Liesen ass.
Ëmmer dat passend Material
Et muss een net all Joer neit Material kafen - et gëtt souvill Variatiounen, dass ëmmer eppes passt.
Direkt a méi Sproochen
An zwou Sproochen ze alphabetiséiere verlaangt, dass een dann och ëmmer d‘Materialan an zwou Sproochen disponibel huet.
D’ Spill mam Froschteich kënnt a menger Klass immens gutt un.
Ech hunn eng schwaach Klass a vill Kanner mat Liesproblemer. Si liesen domat awer mat vill Freed a maache begeeschter mat.
Ech war direkt begeeschtert vum Konzept
E flott Liesspill z'entwerfe wat op de Lëtzebuerger Programm passt a mat deem ee méi schwaach mee och staark Kanner ka motivéiert an ënnerstëtze fannen ech super.
Alles wat s du fir deng Grupp brauchs
Material fir all Etapp
✔ vum éischte Kontakt mat Sprooch
✔bis zum selbststännege Liesen
Differenzéiert Opbau
✔verschidden Niveauen
✔ méisproocheg
✔ Integréiert Lieshëllefen
Spilleresch Approche
✔ Liesspiller
✔ Beweegungsaktivitéiten
✔ kreativ Iddien
Einfach ëmzesetzen
✔ Fäerdeg Material
✔ Kloer Instruktiounen
✔ Wéineg Virbereedung
Du kanns direkt an dengem Alldag starten
-
1
Ech hu wéineg Zäit fir Virbereedung
Du kriss Material dat fäerdeg ass. Mat kloeren Instruktiounen – direkt asetzbar.
-
2
Ech hu Kanner mat verschiddene Niveauen
D’Material ass differenzéiert opgebaut. All Kand kann op sengem Niveau matmaachen.
-
3
Passt dat zu mengem Alldag?
D’Struktur ass einfach a flexibel. Du kanns et direkt an deng Aktivitéiten integréieren.
-
4
Bréngt dat wierklech Fortschrëtter?
D’Kanner entwéckele Sprooch a Lieskompetenz Schrëtt fir Schrëtt. Du gesäis, wéi si méi sécher a méi motivéiert ginn.
Deng Kanner entwéckele Sprooch a Lieskompetenz strukturéiert an op hirem Niveau
Mat enger Léisung déi:
✔ dir Zäit spuert
✔ Kanner differenzéiert ënnerstëtzt
✔ am Alldag direkt funktionéiert
Du hues:
Iwwerbléck. Struktur. Sécherheet.
An deng Kanner:
Motivatioun. Fortschrëtter. Erfolleg.
Du hues Froen? Mir hunn Äntwerten!
Wann s du gäre méi wëlls gewuer ginn, dann zéck net eis hei ze schreiwen.
Wann s du gären eng individuell Berodung fir däi Kand doheem wëlls hunn oder u privatem Liestraining interesséiert bass, da luuss emol hei eran.
Schreif eis hei – mir äntwerten esou séier wéi méiglech!